Temps anciens - 1798Temps anciens - 1798

1.1 Kelten a Réimerzäit

Un d'Keltenzäit erënneren al Verbindungsweeër, d'Nimm vum Baun, d'Nimm Bettborn a Platen an eent antikt Graf aus der Fréilaténgenzäit. D'Besiidlung vun de Koppen ëm de Préizerdaul ass bewisen duerch e Gëttersteen, Méinzen, Villaen an den Numm Proz.

1.2 Feudalzäit

Am Urbar vun de Grofe vu Lëtzebuerg ass den "Haff Proz" ernimmt, zu deem all d'Vogteie vum Préizerdaul gehéiert hunn déi nit zu Iewerleng, Nojem oder Ell (Siebenborn) gehéiert hunn. Déi Haiser aus dem Préizedaul, déi vum Areler Probst verwault gi sinn hate keng Fräiheeten. Déi Vogteien, déi zu de Grofschaften gehéiert hun, hate beschränkte Fräiheet.

1.3 Kierchlech Struktur

Kierchlech huet de Préizerdaul zur Por Osper gehéiert. Zwëschen de "Kappellekanner" vu Bettborn an dem Paschtouer vun Osper gouf et een Dauersträit ëm d'Verflichtongen fir d'Ofhalen vun enger Sonndesmass an der Kapell zu Bettborn, bedingt duerch de sougenaunten "Lux-Rente".