Bettborn ou PréizerdaulBettborn ou Préizerdaul

  1. Afgesi vun e puer am Préizerdaul geleeëne Vogteien, déi den Herrschafte vun Iewerléng, Ell oder Nojem gehéiert hunn, huet de gaunze Préizerdaul an der Feudalzäit zur "Propstei" Arel gehéiert, déi et fir de Landesfürst ënnert der Bezeechnung " Haff Proz " verwault huet.
        
  2. Während Proz a Platen réimischen Ursprongs sinn, war Rëmmerig eng fränkisch Siidlung. Eng Uertschaft Bettborn gouf et weder an der réimischer nach an der fränkischer Zäit. An der Keltenzäit gouf et do e Göttersteen a Verbindung mat engem Pëtz (Bur), wou méiglicherweis di dräi "Beten" veréiert gi sinn. Dëst ka vläicht eng Erklärung fir d'Bezeechnung Bet-born sinn. Am 7. Joerhonnert gouf do eng Kapell opgeriicht, déi der Muttergottes geweiht war. Réischt géint Ufaunk vum 2. Joerdausend sinn e puer Haiser bei der Kapell gebaut ginn.
        
  3. Datt ënnert franséischer Herrschaft de Préizerdaul zu enger Agence erhuewe gouf mam Numm "Bettborn", war puren Zoufall. Op der Sich no engem Munizipalitéitskommissär krut den Anton KNAAS, en Notär os der Ëmgéigend dëst Amt ugebueden. De Knaas hat sich, kuerz nodeem d'Fransousen erschingen sinn, no bei der Kierch een Hos gebaut, dat en och als Sëtz vun der "Agence" benotzt huet. Domat war de Préizerdaul, d'Agence Bettborn zoustännig fir déi 3 Dierfer vum Préizerdaul, Proz, Platen a Rëmmerig. Well deeselwichte Notär ënnert napoleonischem Régime och zum Buergemeeschter ernaunt ginn ass, huet hien d'Bezeechnung "Gemeng Bettborn" bäigehalen. Dat war souguer gaunz verstännig, well Bettborn zwar e bësse méi no u Platen louch, awer bal op gläicher Distaunz tëschent Proz a Rëmmerig. Di zwou Sektiounen haten e wäitverspreete Bëschbesëtz, wat e groussen Afloss hat op d'Gemengesteieren a fir muench Differenzen tëschent den 3 Sektioune gesuergt huet. Well Platen a Bieberech als eng eenzig Sektioun ugesi goufen, huet all Sektioun säint Eegeliewen gefouert a seng eegen Interesse verteidigt. Zesummen gehéiert huet den 3 Sektioune vun 1806 un d'Porkierch, di 1831 erbauten Schoul an dat un d'Schoul ugebaute Porhos.
         
  4. D'Joren 1847 an 1848 hu vill derzou bäigedroen, datt d'Dauldierfer méi no zesummegeréckt sinn. Am Joer 1847 gouf d'Deelstéck (Räichel - Groussbus) vun der neier Laundstrooss gebaut, déi Arel mat Ettelbréck verbannen soult. Dës Verbindung ass der Längt no duerch de gaunze Préizerdaul gelaf an huet Platen, Bieberech a Proz matenee verbonnen. Laanscht di nei Strooss gouf vill gebaut, well d'Baulaund bëllig ze kréie war. Doduerch goufen di "Lücken" tëschent den dräi Dauldierfer opgefëllt, sou datt dës dräi Dierfer no a no e Gaunzt gebild hunn, de "Préizerdaul". Wéi am Joer 1848 Versammlungsfräiheet gewährt gouf, si Veräiner, déi scho bestanen hunn wéi Kierchechouer a Musik un d'Ëffentlichkeet getrueden, anerer wéi d'Poumpjeeën sinn nei gegrënnt ginn. So sinn d'Méinschen och méi no zesummengeréckt an hunn de Begrëff "Préizerdaul" mat Liewen erfëllt. Bieberech huet sëch vergréissert an huet sëch a Richtung Rëmmerig osgedeent. Rëmmerig selwer hat sëch och wëll eng Verkierzung zur Kierch an zur Schoul zu Bieberech als Kierchepad ugeluecht. Domatter war d'Zougehéirigkeetsgefill zum Préizerdaul och bei de Rëmmeriger gewuess.
        
  5. Ween elo déi an Amerika erschingen "Luxemburger Gazette" duerchkuckt, mierkt datt di vill Oswanderer vu Rëmmerig an denen aneren Dierfer, sëch ni als Platener, Rëmmeriger oder Prozer, mee ëmmer als Préizerdauler bezeechent hunn.
        
  6. Wéi de Gemengerot virun e puer Joer décidéiert huet, di dräi Walsektiounen zesummenzeleeën, war et un der Zäit, elo och der allgemeng benotzter Bezeechnung "Préizerdaul" eng rechtlich Grondlag ze ginn.
       
  7. Wéi der wësst hat de Statsrot en negativen Avis zu dësem Projet afginn, mat dem Argument, datt de Numm "Préizerdaul" nëmmen eng Regioun bezeechent, an nit d'Gemeng oder di eenzel Dierfer. Lo gëtt et awer bei eis eng gaunz Rei Uertschaften, déi "daul" an hirem Numm hunn, ouni domat eng Regioun, mee d'Duerf an d'Méinsche bezeechnen. Sou get ët e Pafendaul, e Féinsterdaul, e Blummendaul, e Mariendaul, e Reckendaul an e Mëllerdaul. Aner Dierfer a Gemengen hunn als Unhängsel "wald" oder "bach" an hirem Numm a bezeechnen domat méi wéi nëmmen e Bësch oder eng Baach.
       
  8. Weiderhin argumentéiert de Statsrot, datt de Gesetzprojet nit fähig ass, eppes zum Zesummengehéirigkeetsgefill oder der Lokalidentitéit bäizedroen. Gaunz am Géigendeel, di gemeinsam Uertsbezeechnung "Préizerdaul" hëlt de Sektiounen näischt ewech, mee si verstäerkt esouguer nach d'Zesummeschaffen tëschent de 4 Uertschaften. Ausserdeem verréit di Identifizéirung mam Begrëff " Préizerdaul " och eppes vum Stoulz vun den Préizerdauler op hir gemeinsam Heemicht an zugläich op d'Besonderheet vun hirer lokaler Moundart, wéi si am Wuert "daul" aplaz vun "dall" zum Osdrock kéint.
    Vläicht ass de Statsrot opground vun dësen Erklärunge bereet, säint negatiivt Urteel ze revidéieren an dem Wounsch vun alle "Préizerdauler" zouzestëmmen ?
       
  9. Schlussendlich ass de Gesetzesprojet dach nach duerchgangen, an den Numm Préizerdaul ass elo duerch d'Gesetz vum 17. Juli 2001 veréiwegt ginn. No senger Publikatioun am Memorial den 6. August 2001 bleift awer elo nach vill Aarbicht, den neien offiziellen Numm an d'Welt ze propagéieren.