1945 - 19991945 - 1999
1948
Déi Dauler Musik feiert hiert 100järegt Jubiläum.
1954
Och déi Dauler Pompjeeë feieren hiert 100järegt Jubiläum. Déi al Jongeschoul gëtt afgerappt fir e Neiboo mat Festsaul a Gemengesekretariat.
1955
Och déi Rëmmeriger Schoul gëtt am Fong restauréiert.
1956
Déi al Meederchersschoul gëtt ewechgerappt an ersat duerch e modernt Postgebai.
1959
De gebuerene Rëmmeriger Emil Schaus gëtt Minister. Den Dauler Buergemeeschter, Henri Diederich, gëtt an d'Chamber gewielt.
1966
An der Stréissel gëtt dem Geolog Dr Michel Lucius (1876-1961) säi Monument augeweit.
1967
Jumelage mat Bettborn-France.
1968
Déi Dauler Stroosse kréien een Numm, de Kierfecht gëtt ernéiert an déi Bieberecher a Rëmmeriger Schoule ginn zesummegeluecht.
1969
De Préizerdaul kritt eng Gemeinschaftsantenn.
1970
Den Néckel Koob gëtt zum beschte Sportler vum Joer gewielt.
1972
Zu Bieberech gëtt d'Hos Arens afgerappt.
1973
Déi Dauler Musik feiert hiert 125järegt Jubiläum a kritt gleechzeetig een neie Kiosk, op der Plaz vum Arens Hos.
1976
Den Dauler Buergemeeschter an Députéierten Henri Diederich stierft onerwaart. D'Quell beim Préizer Wäschbur gëtt gefaasst.
1978
Déi Dauler Pompjeeë feieren hiert 125järegt Jubiläum.
1979
Et gëtt beschloss, eng Morgue ze bauen. D'Gemeng keeft de Café Emil Weber zu Platen, fir eng Gemengeplaz unzeleeën.
1981
De Préizerdaul kritt een définitive Bebauungsplang.
1982
D'Walsektioune ginn afgeschaaft. Den neie Pompjeesauto gëtt geliwwert, an zu Rëmmerig gëtt de 25. Bäckerpilgerdag bei der Rochus-Kapell gefeiert. Bei dëser Feier gouf och eng nei Klack augeweit.
1983
D'Gemeng keeft di fréier Duchfabrik Kieffer zu Platen. Zu Proz, Platen a Bieberech ginn ëffentlich Plazen amenagéiert. Eng Amiperas-Sektioun gëtt gegrënnt.
De Bier an de Rénert ginn opgeriicht. E "kulturellt" Joer gëtt duerchgefouert.
1984
Beim Fussballsterrain gëtt eng Spillplaz ugeluecht.
1984
Aus dem Festsaul gëtt ee Sportssaul.
Déi fréier Duchfabrik gëtt kaaft fir doran een Centre Culturel aunzeriichten.
D'Haaptstrooss gëtt komplett erneiert, d'Strooss fir op Rëmmerig gëtt nei geluecht.
D'Waasserleitung zu Rëmmerig gëtt erneiert, eng nei Zouleitung vun der Quell zum Baseng. D'Geschicht vum Daul (2 Bänn) erschéngt.
1986
D'Paschtoueschhos gëtt als Gemengenhos ëmgebaut.
De Kierfecht gëtt vergréissert.
E Saul fir Musik a Gesaunk gëtt augeriicht.
1987
Deen neie Pompjeesboo gëtt zu Platen augeweit.
1988
En neit Lotissement entsteet zu Platen.
E grousse Stuerm mécht grousse Schued.
1989
De Buergemeeschter Emile Calmes gëtt an d'Chamber gewielt. De Fussball feiert säi 75järigt Jubiläum.
1990
Nei Lotissementer zu Platen, Proz an Rëmmerig.
De Service Technique kritt en neit Gebai.
1991
D'Uleeë vun Tennisfelder ass am Gespréich.
De Fussballsterrain gëtt Eegentum vun der Gemeng.
1992
E weidert Lotissement am Kinnewee II.
1994 - 1996
De "Centre Culturel" op der Fabrik gëtt realiséiert.
D'Tennis- an Sportshal gi gebaut.
De Kulturzentrum "Op der Fabrik" gëtt augeweit.
An der Schaunkegriecht erënnert en Denkmal un d'Rundstedtoffensiv 1944.
Op der Routbaach gëtt d'Bréck nei gebaut.
En Téléalarmsystem fir eeler Leit gëtt a Betrib geholl.
1997
D'Tennis- an Sportshal si fäerdig a ginn a Betrib geholl.
E Waasserrad erënnert un d'Millen an d'Fabrik.
D'Schoule kréie Computeren.
1998
D'Ubréngen vun Sonnekollektoren (Centre Culturel, Kierch, Schoul) gëtt diskutéiert.
Am Kiosk gëtt e "Jugendraum" installéiert.
D'Préizerdauler Gemeng participéiert mat 10 Milliounen um Ëm- an Neibau vum Réidener Altersheim.
D’Gemeng Préizerdaul trëtt dem Syndikat « Réidener Schwëmm“ bäi.
Den Tennis-Club Préizerdaul-Réiden gët gegrënnt.
1999
An der Post gi Klassenzëmmeren augeriicht.
D'Attertgemengen schléissen sich zesummen am Sënn vun enger "coopération transfrontalière".
5 nei gewielte Gemengenvertrieder : Martiny Gilles, Massimiliano Michel, Muller Fernand, Schreiber Luc, Zigrand René