1848 - 19451848 - 1945
1848
Zu Rëmmerig gëtt eng nei Schoul gebaut. Den Auermécher Martin Straus stierft zu Rëmmerig. Eng nei Bréck verbënnt den Daul mat Foulscht.
1850
Zu Proz an zu Platen ginn néi Brécken opgeriicht.
1852
Den Adam Straus huet eng Uergel gebaut.
1853
Zu Proz an zu Rëmmerig gi Pëtzer gegruewen, well d'Waasser schlecht ass. Déi éischt Schoulkommissioun gëtt ernaunt.
1854
Zu Rëmmerig an zu Proz brécht d'Cholera os. 32 Doudiger an 2-3 Méint. Well de Kierfecht ze kleng ass, muss en néie Kierfecht ugeluecht ginn.
1855
De Fraunz Schweisthal grënnt eng Brauerei am Bieberecher Ritgeshos, bei der Kierch.
1857
D'Musikgesellschaft gëtt als 1. Vereen offiziell unerkaunt.
1860
D'Kierch gëtt fir d'drëtte Kéier vergréissert.
1863
E Postkutschendingscht vun Ettelbréck op Arel kéint duerch den Daul. Offiziell Grëndong vum Pompjeesvereen
1866
Zu Platen riicht den Phil. Harpes eng Gierwerei aun. D'Famillje Schwebach vu Platen zitt no Amerika. Ee vun hire Jongen (1847-1921) gëtt (1891) Bëschof vun Lacrosse (USA).
1869
Zu Bieberech gëtt eng nei Jongeschoul augeriicht.
1870
D'Schoulschwëstere kommen an den Daul.
1871
Bieberech kritt e Postrelais.
D'Famillje Kellen vu Proz verléisst den Daul fir zu Chicago "Greenhouses" (Zären) opzeriichten.
1874
Zu Rëmmerig gëtt eng Cholerakapellchen opgeriicht.
Zu Bieberech gëtt den ale Kierfecht afgedroen an de Niveau ëm d'Kierch ee Meter mei déif geluecht.
1876
Zu Proz an zu Platen gi Wäschbure gebaut, zu Rëmmerig gin 2 Bure gegruewen an e Wäschbur opgeriicht.
1879
D'Jongeschoul muss vergréissert ginn an e Musikssaul gëtt matgebaut. Op der Horas ginn 2 nei Brécken opgeriicht.
1880
Zu Biebereg gëtt eng Sonndesschoul fir déi grouss Kanner opgeriicht.
1884
De Chouer gëtt un d'Kierch ugebaut an deen alen Deel gëtt restauréiert.
1885
Zu Platen riicht de J.P. Kieffer eng Duchfabrik op, an der d'Maschinne mat Waasserkraaft gedriwwe ginn.
1888
Déi vergréissert Kierch gëtt augeweit. Dat fréiert Schlesseschhos gëtt kaaft an als Paschtoueschhos augeriicht. Dat as haut d'Gemengenhos.
1889
E Postkutschendingscht gëtt a Betrib geholl tëschent Bieberech an Useldeng.
1890
An der Post zu Bieberech gëtt en Telefonsdingscht augeriicht.
1892
Op béide Seete vum Kierchtuer gi kleng Tirem ubruecht. Et gin och zwou nei Klacken ugeschaaft.
1894
De Bëschof Schwebach kéint seng al Heemicht besichen.
1898
Zu Bieberech gëtt eng Molkerei augeriicht.
1900
Proz an Rëmmerig bauen e Schapp fir de Lokalvereen.
1902
Eng "Caisse de crédit agricole et industriel" gëtt augeriicht.
1903
E Spuerkeessdingscht gëtt an der Post augeriicht an de Postkutschendingscht vun Ettelbréck-Bieberech-Réiden-Arel gëtt erëm opgeholl.
1908
Zithaschwëstere grënnen eng Filial zu Platen, duerno établéieren si sich an der Stréissel.
1911
D'Eisebunns-Streck Réiden duerch de Préizerdaul op Ettelbréck gëtt vun der Chamber gestëmmt an d'Laund gëtt opkaaft.
1914
De 17. August brécht de Krich os.
1915
Zu Bieberech gëtt den 1. Fussballsvereen, die schonn zéinter 3 Joer besteet, offiziell gegrënnt.
1916
Den Eisebunnsprojet duerch den Daul gëtt fale gelooss, wëll de Krich den Avantage vum Camion bewisen huet. D'Postkutsch fir op Useldeng gëtt duerch dem "Kueb" säin Autobus ersat.
1915 - 1918
D'Liewensmëttele si knapp.
1918
Nom Waffestëllstaund leie franséisch Truppen 2 Méint laang am Daul am Waunterquartéier.
1914 - 1920
Well et iwwerall un de "Rohstoffe" feelt, hunn d'Leit keng Aarbicht a leiden Honger. D'Gemeng léisst eng Rei Noutstandsaarbichten osféieren fir deenen, déi an der Industrie geschafft hunn, Aarbicht ze ginn. Haaptsächlich gin d'Gemengeweeër an den Dierfer vun 3,5m op 6m erweidert.
1926
Déi 2 Sektioune vu Bieberech a Platen haten 120 Joër laang hir finanziell Suergen zesumme bestridden.
1920 hun déi Plieter d'Frëndschaft gekënnigt. Iewer 1926 ware se frou fir erëm op ee gemeinsame Portmonni zréckzekommen.
1930
Zéinter méi wéi 30 Joer war elo de Problem vun enger Waasserleitong diskutéiert gin, ouni zu engem Resultat ze kommen. Elo gouf et déck Zäit fir eng Entscheedong ze huelen. Déi Rëmmeriger entscheeden sech fir en Uschloss un d'Interkommunal Waaserleitong, déi Préizer fir eng eege Waaserleitong.
1930
't ass Krisis, vill Léit hu keng Aarbicht. D'Gemeng léisst de Wee duerch d'Hiehl an de Wauld ëm 3 m méi déif léen. Eng gewaulteg Entreprise fir déi Zäit. Eng grouss Entreprise war och déi nei Stréissel. Zéinter Méint ass d'CEGEDEL am gaang Stäiler opzeriichten an Dréit ze zéien, zu Bieberech beim Bierche gëtt en Transformator gebaut. Chrëschtdag war d'elektrischt Geliichts an allen Haiser.
1932
De Fussballsvereen, dien nom 1.Krich opgehéiert hat, gëtt erëm an d'Liewe geruff.
1938
De Wee no Foulscht gëtt zu enger Strooss osgebaut.
1939
Den 18. Mee feiert den Daul 100 Joer Onafhängegkeet.
NAZI Régime (1940-1944)
1940
Den 10. Mee Invasioun vun däitschen Truppen, nit laang duerno kommen d'Nazien.
1942
Den 30. August Generalstreik. Zu Rëmmerig gëtt de M. Schrenger verhaft a muss fir 3 Méint op Hinzert. Duerno gin d'Jongen augezunn. Ongeféier 30 waren am Daul an zu Rëmmerig verstoppt, 7 sinn der ëmkomm, 2 hunn hiert Liewen an der Miliz gelooss.
1943
Den 1. Januar, de Jempy Harpes stierft u senge Wonnen a Polen. Hie war den 1. Lëtzebuerger, dien an der Wehrmacht gestuerwen ass. D'Familljen Hobes a Beckerich ginn no Schlesien ëmgesidelt.
1944
De 6. Juni landen d'Amerikaner an der Normandie. Den 11. September, op Kiermesméindig passéieren déi éischt Amerikaner am Daul. Den 21. Dezember, dem Generol Patton seng Truppe stoppen d'Preisen zu Proz.
1945
De Leo Fisch an de Lucien Seyler loossen hiert Liewen am Dingscht vun der Miliz