1814 - 18481814 - 1848
Hollänische Régime (1815 - 1830)
1824
Den Urkadaster gëtt opgestault.
1825
An der Bieberecher Schoul gi méi wéi 250 Kanner augeschriwen. Et muss en Hëllefsschoulmeeschter augestault ginn.
1828
D'Kierch muss vergréissert ginn, fir déi 300 Leit opzehuelen, déi an 20 Joer beekoumen
Belsche Régime ( 1830 - 1842 )
1832
Éischt Notizen iwwert e Musiksgrupp (Plinnerchen), déi an der Kierch de Gesaunk begleeden an Daunzmusik spille ginn.
1833
D'Parhos gëtt restauréiert an iwwert der Schoul gëtt en 2. Saul gebaut, fir d'Meedercher.
1836
Ufaunk vum Postbetrib.
1839
Déi éischt Préizerdauler zéien an Amerika.
1840
Zéinter 1840 Schoulbetrib zu Rëmmerich.
1841
Vu Proz zitt den Henri Reimberg no Chicago ( Rousekinnik vu Chicago).
1842
Den Daul kritt 4 Mäert an zu Proz gin 2 Brécke gebaut.
Hollänisch-Lëtzebuergische Régime ( 1842 - 1848 )
1841
Bieberech verléiert de "Match" fir d'Kauntonalhaaptuertschaft ze ginn.
1842
De "belschen" Buergermeeschter Pauly gëtt afgesat an ersat duerch den Henri Rausch.
1847
D'Statsstrooss vu Reechel op Groussbus gëtt gebaut. D`Dauler Dierfer hunn eng besser Verbindung, iwwerall gi Booplazen op. Déi dree Dauler Dierfer récken zesuemen. Zu Uewerplaten gëtt eng nei Bréck gebaut.