Neigestaltung vun der
Kommiounsvirbereedung am
Parverband Groussbus

Informatioun fir all Elteren, déi am Joer 2012 ee Kand hunn, wat seng Éischt Kommioun feiert
All Joer hu mir an eisem Parverband méi wéi 30 Kanner, déi hier Éischt Kommioun feieren.

Kommioun heescht: „ Gemeinschaft“ – „Gemeinschaft mam Jesus“ a„ Gemeinschaft ee mat deem aneren“.

Ab Hierscht 2012 wëlle mir probéieren, dass dës Gemeinschaft méi
konkret gëtt fir eis Kommiounskanner a mir wëllen och probéieren méi
een enke Kontakt mat den Eltere vun de Kommiounskanner opzebauen.

All Elteren, déi ee Kommiounskand hunn, kréien dofir Ufanks
September ee Bréif heemgeschéckt, an deem si zu engem
Eenzelgespréich an d’Spriechzëmmer vum Paschtoueschhaus
agelueden ginn. An dësem Bréif proposéiere mir Iech verschidden
Datumer a verschidden Auerzäiten fir dëst Gespréich. Dir kënnt dann
déi ukräizen, déi fir Iech am beschte passen. Bei dësem Gespréich kritt
Dir och ee genauen Programm iwwert d’Kommiounsvirbereedung.
Hei just ee kuerzen Iwwerbléck iwwert dat, wat Iech an Är Kanner
ënnert Anerem erwaart:

Bréif / Lettre

Verschidden Datumer a verschidden Auerzäiten fir ee Gespréich

- Een Elterenowend

- D’Adventszäit an d’Faaschtenzäit setze mir ënnert een Thema
an d’Kanner ginn duerch een Element an d’Sonndesmass mat abezunn.

- Mir treffen äis op zwéi verschiddene Samschdeger mat alle
Kanner aus dem Parverband fir äis a verschiddenen Atelieren
mam Thema „Kommioun“ ze beschäftigen.

Am Numm vum Parverband
Nicole Kleer-Dasbourg, Parassistentin

Wann Dir elo direkt scho Froen hutt, da kënnt Dir mat mir Kontakt ophuelen:
Donneschdes vun 14:00-16:00 Auer am Parbüro
oder iwwer Email: nicole.kleer-dasbourg@pt.lu oder iwwer Tel. 661 127 785