Kulturrees op Köln den 20.06.2009

Zënter der Wiel vun de Parverbandsréit beschäftegt d’Erzdiözes sich mam Thema vun den dräi Grondpfeiler vun eisem Glawen: Liturgie (Glawe feieren), Martyria (Glawensverkënnegung) an Diakonie (praktech geliewte Nächsteléift). Ausserdem waren d’lescht Jor all haaptamtlech pastoral Mataarbechter/ innen an enger Fortbildung zum Thema "Islam".

Den 20.06.2009 invitéiere mir Iech op eng Rees op Köln. Mir ginn déi kathoulesch Porkierch Köln-Vingst (virmëttes) mat hiren sozialen Ariichtungen an d’Moschee Köln-Ehrenfeld (nomëttes) besichen. De ganzen Dag iwwer gi mir vum Franziskanerbrudder Jürgen Neitzert begleed. Hien ass Soziolog  mat Schwéierpunkt „Islamwëssenschaft“ a schafft an engem Jugendtreff, haaptsächlech mat Jugendlechen aus Islamische Länner. Iwrigens ass d’Kierch zu Köln-Vingst vum Architekt Paul Böhme geplangt, genee wéi déi künfteg Moschee zu Köln-Ehrenfeld.

Timing:

Départ Ettelbréck/Gare:  7.00 Auer
               Diekrech/Gare: 7.10 Auer
               Housen/Kierch: 7.30 Auer
Arrivée Köln-Vingst:        10.00 Auer

Kierch a Porzentrum St. Theodor: 10.15 Auer
Visite guidé bei de Franziskanercommunitéit an am Jugendtreff

Mëttegiessen: ca. 13.00 Auer
Visite bei der Moscheegemeinschaft Köln-Ehrenfeld am Laf vum Nomëtteg.

Géint 17.00 Auer Heemrees op Lëtzebuerg

Käschten : 35 €

All Interessente sinn häerzlech wëllkomm.
Weider Infoen: Werner Michels (Tel. 621 319 033)
Umëldung fir dës Rees:

Fél Schannel
8,rue Neuve
L-9188 Vichten
Tel.: 990 057 oder 621 139 335

D’Iwwerweisung vu 35 € op de Konto IBAN LU16 1111 0362 1029 0000 vum Fél Schannel mam Vermierk „Kulturrees Köln“ gëllt als Umeldung.

Un der Organisatioun si bedelegt:


Kirche St. Theodor Köln-Vingst

Das Gebäude stellt die vier Bereiche des Glaubenslebens dar.
Dies nicht nur symbolisch, sondern in Funktion.


Moscheeentwurf in Köln-Ehrenfeld


Die Architekten Gottfried und Paul Böhm planen das Gebäude als Kuppelbau mit zwei Minaretten.

Das fünfstöckige Gebäude mit einer 35 Meter hohen Kuppel und zwei Minaretten von je 55 Metern Höhe soll 1.200 Gläubigen Platz bieten.

Neben den Gebetsräumen sind im Gebäudekomplex auf rund 16.500 m² Nutzfläche eine Bibliothek, Schulungs- und Seminarräume, Flächen für Geschäfte und Dienstleistungsbetriebe und eine Tiefgarage vorgesehen


Jugendgruppe Köln-Vingst beim Graffiti