Grouss Botz
Vill Hänn hun héi mat ugepaackt
Och dest Joer hat d'Gemengeverwaltung Préizerdaul sämtlich Verein- a Kommisiounsmemberen opgeruff, fir zesummen mam Gemengepersonal bei der desjähriger Botz ee Samsdeg, de Moien 9. Abrël derbéi ze sin.

Et waren och vill Leit desem Opruff gefollegt, an nom Startschoss vum Buergerméschter Fernand Heyart ass dann de ganze Préizerdaul mat den Uertschaften Bieberich, Protz, Platen, Horass, Routbach a Remmerich esou richtig gebotzt gin.
Géint Mëtteg ass allen eifrigen Hëllefer eng gut Hinger- Räis- Zopp op der Fabrik als MERCI zerwéiert gin.
Text: Charles Reiser, Foto: Théo Ney
Préizerdaul, 9. Abrëll 2011