|
1848
|
Zu
Rëmmerig gëtt eng nei Schoul gebaut. Den Auermécher Martin
Straus stierft zu Rëmmerig. Eng nei Bréck verbënnt den
Daul mat Foulscht.
|
| 1850
|
Zu
Proz an zu Platen ginn néi Brécken opgeriicht.
|
| 1852
|
Den
Adam Straus huet eng Uergel gebaut.
|
| 1853
|
Zu
Proz an zu Rëmmerig gi Pëtzer gegruewen, well d'Waasser schlecht
ass. Déi éischt Schoulkommissioun gëtt ernaunt.
|
| 1854
|
Zu
Rëmmerig an zu Proz brécht d'Cholera os. 32 Doudiger an 2-3
Méint. Well de Kierfecht ze kleng ass, muss en néie Kierfecht
ugeluecht ginn.
|
| 1855
|
De
Fraunz Schweisthal grënnt eng Brauerei am Bieberecher Ritgeshos,
bei der Kierch.
|
| 1857
|
D'Musikgesellschaft
gëtt als 1. Vereen offiziell unerkaunt.
|
| 1860 |
D'Kierch gëtt fir d'drëtte Kéier vergréissert.
|
| 1863
|
E
Postkutschendingscht vun Ettelbréck op Arel kéint duerch
den Daul. Offiziell Grëndong vum Pompjeesvereen
|
| 1866
|
Zu
Platen riicht den Phil. Harpes eng Gierwerei aun. D'Famillje Schwebach
vu Platen zitt no Amerika. Ee vun hire Jongen (1847-1921) gëtt (1891)
Bëschof vun Lacrosse (USA).
|
| 1869
|
Zu
Bieberech gëtt eng nei Jongeschoul augeriicht.
|
| 1870 |
D'Schoulschwëstere kommen an den Daul.
|
| 1871
|
Bieberech
kritt e Postrelais.
D'Famillje Kellen vu Proz verléisst den Daul fir zu Chicago "Greenhouses"
(Zären) opzeriichten.
|
| 1874
|
Zu
Rëmmerig gëtt eng Cholerakapellchen opgeriicht.
Zu Bieberech gëtt den ale Kierfecht afgedroen an de Niveau ëm
d'Kierch ee Meter mei déif geluecht.
|
| 1876
|
Zu
Proz an zu Platen gi Wäschbure gebaut, zu Rëmmerig gin 2 Bure
gegruewen an e Wäschbur opgeriicht. |
| 1879
|
D'Jongeschoul
muss vergréissert ginn an e Musikssaul gëtt matgebaut. Op der
Horas ginn 2 nei Brécken opgeriicht.
|
| 1880
|
Zu
Biebereg gëtt eng Sonndesschoul fir déi grouss Kanner opgeriicht.
|
| 1884 |
De Chouer gëtt un d'Kierch ugebaut an deen alen Deel gëtt restauréiert.
|
| 1885 |
Zu Platen riicht de J.P. Kieffer eng Duchfabrik op, an der d'Maschinne mat
Waasserkraaft gedriwwe ginn.
|
| 1888 |
Déi vergréissert Kierch gëtt augeweit. Dat fréiert
Schlesseschhos gëtt kaaft an als Paschtoueschhos augeriicht. Dat as
haut d'Gemengenhos.
|
| 1889
|
E
Postkutschendingscht gëtt a Betrib geholl tëschent Bieberech an
Useldeng.
|
| 1890 |
An der Post zu Bieberech gëtt en Telefonsdingscht augeriicht.
|
| 1892 |
Op béide Seete vum Kierchtuer gi kleng Tirem ubruecht. Et gin och
zwou nei Klacken ugeschaaft.
|
| 1894
|
De
Bëschof Schwebach kéint seng al Heemicht besichen.
|
| 1898 |
Zu Bieberech gëtt eng Molkerei augeriicht.
|
| 1900 |
Proz an Rëmmerig bauen e Schapp fir de Lokalvereen.
|
| 1902 |
Eng "Caisse de crédit agricole et industriel" gëtt
augeriicht.
|
| 1903
|
E
Spuerkeessdingscht gëtt an der Post augeriicht an de Postkutschendingscht
vun Ettelbréck-Bieberech-Réiden-Arel gëtt erëm opgeholl.
|
| 1908
|
Zithaschwëstere
grënnen eng Filial zu Platen, duerno établéieren si sich
an der Stréissel.
|
| 1911
|
D'Eisebunns-Streck
Réiden duerch de Préizerdaul op Ettelbréck gëtt
vun der Chamber gestëmmt an d'Laund gëtt opkaaft.
|
| 1914
|
De
17. August brécht de Krich os.
|
| 1915
|
Zu
Bieberech gëtt den 1. Fussballsvereen, die schonn zéinter 3
Joer besteet, offiziell gegrënnt.
|
| 1916
|
Den
Eisebunnsprojet duerch den Daul gëtt fale gelooss, wëll de Krich
den Avantage vum Camion bewisen huet. D'Postkutsch fir op Useldeng gëtt
duerch dem "Kueb" säin Autobus ersat.
|
1915
1918 |
D'Liewensmëttele
si knapp.
|
| 1918
|
Nom
Waffestëllstaund leie franséisch Truppen 2 Méint laang
am Daul am Waunterquartéier.
|
1914
1920 |
Well
et iwwerall un de "Rohstoffe" feelt, hunn d'Leit keng Aarbicht
a leiden Honger. D'Gemeng léisst eng Rei Noutstandsaarbichten osféieren
fir deenen, déi an der Industrie geschafft hunn, Aarbicht ze ginn.
Haaptsächlich gin d'Gemengeweeër an den Dierfer vun 3,5m op 6m
erweidert.
|
| 1926
|
Déi
2 Sektioune vu Bieberech a Platen haten 120 Joër laang hir finanziell
Suergen zesumme bestridden.
|
| 1920
|
hun
déi Plieter d'Frëndschaft gekënnigt. Iewer 1926 ware se
frou fir erëm op ee gemeinsame Portmonni zréckzekommen.
|
| 1930
|
Zéinter
méi wéi 30 Joer war elo de Problem vun enger Waasserleitong
diskutéiert gin, ouni zu engem Resultat ze kommen. Elo gouf et déck
Zäit fir eng Entscheedong ze huelen. Déi Rëmmeriger entscheeden
sech fir en Uschloss un d'Interkommunal Waaserleitong, déi Préizer
fir eng eege Waaserleitong.
|
| 1930 |
't ass Krisis, vill Léit hu keng Aarbicht. D'Gemeng léisst
de Wee duerch d'Hiehl an de Wauld ëm 3 m méi déif léen.
Eng gewaulteg Entreprise fir déi Zäit. Eng grouss Entreprise
war och déi nei Stréissel. Zéinter Méint ass
d'CEGEDEL am gaang Stäiler opzeriichten an Dréit ze zéien,
zu Bieberech beim Bierche gëtt en Transformator gebaut. Chrëschtdag
war d'elektrischt Geliichts an allen Haiser.
|
| 1932
|
De
Fussballsvereen, dien nom 1.Krich opgehéiert hat, gëtt erëm
an d'Liewe geruff.
|
| 1938
|
De
Wee no Foulscht gëtt zu enger Strooss osgebaut.
|
| 1939
|
Den
18. Mee feiert den Daul 100 Joer Onafhängegkeet.
|
| 1940
|
NAZI
Régime (1940-1944)
|
| 1940
|
Den
10. Mee Invasioun vun däitschen Truppen, nit laang duerno kommen d'Nazien.
|
| 1942
|
Den
30. August Generalstreik. Zu Rëmmerig gëtt de M. Schrenger verhaft
a muss fir 3 Méint op Hinzert. Duerno gin d'Jongen augezunn. Ongeféier
30 waren am Daul an zu Rëmmerig verstoppt, 7 sinn der ëmkomm,
2 hunn hiert Liewen an der Miliz gelooss.
|
| 1943
|
Den
1. Januar, de Jempy Harpes stierft u senge Wonnen a Polen. Hie war den 1.
Lëtzebuerger, dien an der Wehrmacht gestuerwen ass. D'Familljen Hobes
a Beckerich ginn no Schlesien ëmgesidelt.
|
| 1944
|
De
6. Juni landen d'Amerikaner an der Normandie. Den 11. September, op Kiermesméindig
passéieren déi éischt Amerikaner am Daul. Den 21. Dezember,
dem Generol Patton seng Truppe stoppen d'Preisen zu Proz.
|
1945
|
De
Leo Fisch an de Lucien Seyler loossen hiert Liewen am Dingscht vun der Miliz
|