|
1.1
Kelten a Réimerzäit
Un d'Keltenzäit erënneren al Verbindungsweeër, d'Nimm vum
Baun, d'Nimm Bettborn a Platen an eent antikt Graf aus der Fréilaténgenzäit.
D'Besiidlung vun de Koppen ëm de Préizerdaul ass bewisen duerch
e Gëttersteen, Méinzen, Villaen an den Numm Proz.
1.2
Feudalzäit
Am Urbar vun de Grofe vu Lëtzebuerg ass den "Haff Proz"
ernimmt, zu deem all d'Vogteie vum Préizerdaul gehéiert
hunn déi nit zu Iewerleng, Nojem oder Ell (Siebenborn) gehéiert
hunn. Déi Haiser aus dem Préizedaul, déi vum Areler
Probst verwault gi sinn hate keng Fräiheeten. Déi Vogteien,
déi zu de Grofschaften gehéiert hun, hate beschränkte
Fräiheet.
|
|